D'Reduktioun vun Emissiounen an der Industrie sollt mat méiglechst gerénge Käschte fir d'Industrie erreecht ginn. Esou déi 10 Minister den Owend virum EU-Kompetitivitéitsconseil.
Dëst Joer muss d'EU-Kommissioun hir Propositioune presentéiere fir eng Reform vum Marché vun CO2-Certificaten. All Joer gëtt ee Grenzwäert festgeluecht, ënner deem all Secteur gratis CO2 ausstoussen dierf. Dëse Grenzwäert gëtt all Joer méi niddereg, fir d'Dekarboniséierung ze fërderen.
Duerch déi aktuell héich Marchéspräisser géif dëse System d'Industrie awer verstäerkt ënner Drock setzen, heescht et vun den 10 Länner, déi dës Deklaratioun ënnerschriwwen hunn. Nieft Lëtzebuerg sinn dat ënner anerem Däitschland, Frankräich, Italien an och Spuenien.
Fir Lëtzebuerg huet den DP-Energieminister Lex Delles ënnerschriwwen.