Deemools war de Condamnéierte mat sengem Camion tëschent dem Iergäertchen an dem Tunnel Houwald ënnerwee. Do hat säi Camion en Informatiounspanneau vum CITA mat ewechgerappt, deen op der Géigebunn op en Auto gefall war.
An deem Gefier war eng Persoun, de Chauffeur, gestuerwen. Donieft waren nach 5 Leit blesséiert ginn. D’Ponts et chaussées kruten als Partie civile ronn 530.000 Euro Schuedenersatz zougesprach.