search

/ Mann no Sprong an d'Musel vu Bréck zu Gréiwemaacher gestuerwen

Police deelt mat

|
reading time

1 min

Mann no Sprong an d'Musel vu Bréck zu Gréiwemaacher gestuerwen

Et huet sech erausgestallt, datt de Mann aus bis elo ongekläerte Grënn vun der Bréck zu Gréiwemaacher an d‘Musel gesprong war. D‘Rettungsservicer hunn de Mann gebuergen an an d‘Klinik bruecht. Do ass hien hënt gestuerwen. Eng Friemawierkung schléisst d‘Police aus.

reading time

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann)

Weider deelt d'Police mat, datt et gëschter Owend um 18:30 Auer en déidlecht Accident am Mëllerdall gouf. Eng Motocyclistin ass mat hirem Motorrad gefall a gouf schwéier blesséiert. Déi 22 Joer al Fra ass an der Nuecht an der Klinik un hire schwéiere Blessure gestuerwen.