Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déidlechen Accident zu Phuket: Responsabel Automobilistin kritt zwee Joer Prisong mat Sursis

Eng Lëtzebuergerin koum ëm d'Liewen

Déidlechen Accident zu Phuket: Responsabel Automobilistin kritt zwee Joer Prisong mat Sursis

D‘Automobilistin, déi am November d‘lescht Joer responsabel war fir dat déidlecht Accident zu Phuket an Thailand, bei deem eng jonk Lëtzebuergerin vun 19 Joer ëm d‘Liewe komm war, huet um Geriicht zu Phuket zwee Joer Prisong mat Sursis kritt. Dat mellt d‘Gratiszeitung l‘essentiel.

auto_stories

1 min

Op den Iwwerwaachungsvideoe war ze gesinn, wéi déi 41 Joer al Russin mat hirem Auto mat héijer Vitesse hannen op de Scooter gerannt ass, wou d‘Lëtzebuergerin an e jonken Amerikaner souzen.

D‘Famill vum Affer wéilt an Appell goen, sou den Essentiel. Nieft Familljemembere vum Lëtzebuerger Affer waren och de Lëtzebuerger Honorarkonsul zu Phuket an ee Vertrieder vun der Ambassade zu Bangkok beim Prozess dobäi, sou nach L'essentiel.