Op den Iwwerwaachungsvideoe war ze gesinn, wéi déi 41 Joer al Russin mat hirem Auto mat héijer Vitesse hannen op de Scooter gerannt ass, wou d‘Lëtzebuergerin an e jonken Amerikaner souzen.
D‘Famill vum Affer wéilt an Appell goen, sou den Essentiel. Nieft Familljemembere vum Lëtzebuerger Affer waren och de Lëtzebuerger Honorarkonsul zu Phuket an ee Vertrieder vun der Ambassade zu Bangkok beim Prozess dobäi, sou nach L'essentiel.