Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi nächst fënnef Joer sinn absolut decisiv"

Klimapolitik

"Déi nächst fënnef Joer sinn absolut decisiv"

CSV an DP wëllen déi erneierbar Energien ausbauen, d’Klimaziler respektéieren an d’Leit am Land fir Klimaschutz begeeschteren. Dës Versprieche begréisst de wëssenschaftlechen Observatoire, deen d’Klimapolitik hei am Land evaluéiert. Zur Ëmsetzung vun der Klimapolitik huet den Observatoire awer och eng Rei méi kritesch Remarken.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Den Andrew Ferrone ass President vum Observatoire de la politique climatique. (Foto: Jo Diseviscourt)

Fir d’Zil vu maximal 1,5-Grad Äerderwiermung global nach kënnen ze halen, mussen d’Zäregas-Emissioune séier a massiv reduzéiert ginn – och hei zu Lëtzebuerg. Dat seet de President vum Observatoire de la politique climatique, de Klimawëssenschaftler Andrew Ferrone.

“Et ass ganz kloer, datt déi nächst fënnef Joer absolut decisiv sinn. Dat heescht am Fong muss een op alle Mesurë schaffen an et muss ee schnell schaffen.”

Bal 200 Klimaschutz-Mesurë stinn am iwwerschafften Energie- a Klimaplang, deen déi viregt Regierung ausgeschafft huet. CSV an DP hu sech an hirem Koalitiounsaccord dozou verflicht, dee Plang ëmzesetzen. Dozou gehéiert eng Decisioun, ob fossil Heizsystemer musse verbuede ginn, wann net genuch Leit fräiwëlleg op klimafrëndlech Heizungen ëmklammen.

“Et gi jo scho ganz vill Subsiden. Ob d’Leit dorobber usprangen, muss een evaluéieren an der Zukunft. An dann ass et mengen ech un der Politik ze decidéieren, ob ee méi wäit goen wëll, ewéi Subsiden. Ob ee souguer wëll op ee Verbuet goen. Ech mengen, dat ass eng Decisioun, déi an der Zukunft ze treffen ass.”

Wéi geet et mat der CO2-Steier virun?

Anere sensibele Sujet: CSV an DP leeë sech am Regierungsprogramm net fest, wéi d’CO2-Steier sech no 2026 soll weider entwéckelen. Bis dohinner soll se all Joer ëm 5 Euro, op 45 Euro pro Tonn, klammen. Fir d’Konsumverhale staark genuch ze beaflossen, wieren aus wëssenschaftlecher Siicht 200 Euro pro Tonn néideg.

“De Klimabiergerrot hat déi jo och festgehalen. A vue datt de Klimabiergerrot esou opgesat ginn ass, datt en och d’Populatioun soll representéieren, si mir och der Meenung, datt an der Populatioun eng Bereetschaft besteet, fir méi ze bezuelen.”

Virausgesat natierlech, datt déi Co2-Steier sozial gerecht kompenséiert gëtt, fir datt d’Ëmstellen op klimafrëndlech Alternative fir jidderee méiglech ass. Dat wier bei de Subsiden haut dacks net garantéiert, seet den Andrew Ferrone.

“Fir Stéit, déi um Minimum sinn, fir déi ass et souguer mat de Subsiden net méiglech, den Auto ze wiesselen. Déi sozial Selektivitéit an de Mesuren, déi ass och vun eiser Säit aus ganz wichteg.”

Kee Bekenntnis zur Netto-Null Buedemversigelung

CSV an DP wëllen den Ausbau vun erneierbaren Energië méi séier virun dreiwen: Prozedure sollen dofir acceleréiert a vereinfacht ginn, wat den Observatoire fir Klimapolitik ausdrécklech begréisst. Soulaang Naturschutz an den Erhalt vun der Biodiversitéit doduerch net a Fro gestallt sinn. Et hätt kee Sënn, Bëscher ofzeholze fir Wandrieder ze installéieren, betount den Andrew Ferrone. D’Natur gëtt gebraucht, fir Zäregasen aus der Atmosphär opzehuelen.

“De Bësch virun allem ass eng grouss Senk, déi hei zu Lëtzebuerg spillt. Dofir: Bëscher gesond halen, sou vill wéi méiglech maachen. An och d’Agroforesterie kann hei eng Roll spillen. Dat hu mir och begréisst, datt dat am neie Koalitiounsaccord explizitt dra steet.”

Aus deem selwechte Grond gesäit de wëssenschaftlechen Observatoire fir d’Klimapolitik et kritesch, datt am Koalitiounsaccord ee Bekenntnis zum europäeschen Zil vun der Netto-Null Buedemversigelung feelt.

“Do ass eiser Meenung no ee grousse Problem, well all Fläch, déi versigelt ass, déi späichert natierlech keen CO2.”

Den Observatoire fir d’Klimapolitik vermësst dann am Kapitel iwwer d’Landwirtschaft an d’Ernierung kloer Ziler, wéi d’Konsumverhale vun de Lëtzebuerger méi nohalteg – an deemno och méi vegetaresch – soll ginn.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt