Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi wäert déi zukünfteg EU-Kommissioun ausgesinn?

Table ronde zu den Europawalen

Wéi wäert déi zukünfteg EU-Kommissioun ausgesinn?

Mat wiem soll a muss d'EVP an Zukunft diskutéiere wann et ëm d'Zesummestellung vun der zukünfteger EU-Kommissioun geet? A wien huet déi beschte Kaarten op de Lëtzebuerger Posten an der neier EU-Kommissioun? Froen, déi op der 100,7-Table ronde no den Europawale gestallt goufen.

auto_stories

4 min

headphones

23 min

play_arrow

D’Europawale sinn eriwwer an eppes ass kloer: de Rietsruck, dee virausgesot gi war, ass Realitéit ginn. An och hei am Land kënnt et zu Ännerungen. Iwwert de Wee vun engem Reschtsëtz wäert d’ADR déi nächst fënnef Joer fir d’éischte Kéier am Europaparlament vertruede sinn.

Kommissärsposten: CSV an LSAP erhiewen Usproch

An eng vun de spannende Froen, déi sech lo hei am Land gestallt gëtt, ass déi, wien den nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär gëtt. Déi Fro ass awer nach laang net geléist. Sécher ass awer, datt souwuel CSV wéi LSAP fannen, datt si ee Recht drop hätten.

Et wier “normal”, datt d’EVP lo géif mat de Sozialisten, de Liberalen an och de Gréngen diskutéieren, fir eng méi breet Allianz hannert der zukünfteger EU-Kommissioun zesummen ze kréien, wéi dat no de leschte Walen 2019 de Fall war. Dat sot den Éischtgewielten op der CSV-Lëscht, de Christophe Hansen, op der 100,7-Table ronde no den Europawalen.

"D'Decisioun, déi am Koalitiounsaccord a puncto Kommissär getraff ginn ass, ass kloer. De Luc Frieden huet se gëschter nach eng Kéier confirméiert. An ech mengen, dat Resultat, wat mir als CSV gemaach hunn, dréit derzou bäi, datt déi Warscheinlechkeet nach besser gëtt."

Hie selwer erhieft een Usproch op de Lëtzebuerger Posten an der EU-Kommissioun, seet awer och, de Wee bis dohi wier nach laang.

De Marc Angel vun der LSAP sot sengersäits, och den Nicolas Schmit wier nach net aus dem Rennen.

"Mir hunn 139 Sëtz. Mir hunn eist Resultat gehalen an et gëtt kee Wee laanscht eng sozialdemokratesch Fraktioun am Europaparlament, fir eng Kommissioun ze kreéieren. An dofir mengen ech huet den Här Schmit wierklech grouss Chancen op e ganz wichtege Posten an där doter Kommissioun."

Fernand Kartheiser: Politk soll verännert ginn

De Fernand Kartheiser, dee fir d’ADR op Bréissel geet, fuerdert, datt déi nächst Kommissiounspëtzt och mat senger zukünfteger Fraktioun EKR schwätzt.

Plus véier Sëtz huet d’Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer an Zukunft am Europaparlament. Nei dobäi op de Still nieft, zum Beispill de Fratelli d’Italia oder der spuenescher Vox, ass also déi Lëtzebuerger ADR, an déi wëll matdiskutéieren, sou hiren zukünfteger Vertrieder Fernand Kartheiser.

"Den Avantage vun engem Gespréich tëschent der Madame von der Leyen, sollt si et da sinn, dat ass jo och nach net sécher, an eiser Fraktioun géing doranner bestoen, datt eng Chance besteet, d'Politik ze änneren an Europa. An ech mengen, et ass dat, wat eigentlech lo soll d'Resultat vun de Wale sinn."

Kee weider wéi bis elo also, a Form vun enger Mëtt-Lénks-Koalitioun, sou d’Hoffnung vum Fernand Kartheiser, deen de Green Deal an d’Liwwerkettegesetz als gréisser Konfliktpunkter nennt. Zueleméisseg ass allerdéngs kloer, datt EVP an EKR keng Majoritéit kéinte forméieren.

Tilly Metz: Keng national Egoismen

Eng breet méi progressiv Front mat Participatioun vun de Gréngen trotz Verloschter: Dat wënscht d’Tilly Metz sech fir déi nächst fënnef Joer fir d’EU.

"An an där Hinsicht mengen ech, wier et wierklech ganz wichteg mat all deene proeuropäesche Parteie wierklech zesummenzeschaffen, fir datt mir net rëm no hanne ginn a Richtung national Egoismen."

D’Fro vum Lëtzebuerger Kommissär zu Bréissel stuuft d’Tilly Metz, genee wéi de Fernand Kartheiser, elo mol als zweetrangeg an, hannert de Gespréicher iwwer d’Substanz an d’Form. Dat ënnerschreift och de Charles Goerens, dee warnt, datt d’EU wirtschaftlech an aussepolitesch schonn amgaange wier, ofgehaangen ze ginn.

"Ech muss Iech de Moie soen, ech sinn zimmlech pessimistesch wéi dat do kann ausgoen, wa mir et net fäerdegbréngen awer e Ruck duerch sämtlech responsabel politesch Kräfte goen ze loossen, fir dat do effektiv zum Gudden dréinen ze loossen."

Wat de Kommissär ugeet sou si souwuel de Charles Goerens wéi och d'Tilly Metz der Meenung, datt et nach ee laange Wee ass bis et zu enger Decisioun wäert kommen. D'Tilly Metz huet och betount, datt et Argumenter fir béid Säite ginn.

"Ech fannen et elo net de Moment, fir wierklech iwwer Posten ze diskutéieren. (...) Also wann do e Versprieche war zu Leit, da fannen ech awer och op där enger Säit dat wichteg, déi  ze halen. Mee ech muss awer soen, wann ech gesinn, wéi d'Sozialisten hei zu Lëtzebuerg bäigewonnen hunn, dann ass dat awer och een Element, wat ee muss consideréieren."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
Politik