Radioen

On air

Kultur um 5  |  “Superhero Pose” virun all Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi erweidert Klimaprimme gi bäibehalen

Regierungsdecisioun

Déi erweidert Klimaprimme gi bäibehalen

Déi sougenannte Klimaprimmë ginn an der aktueller erhéichter Form bäibehalen a souguer verlängert. Dat huet de Premier Luc Frieden de Mëttwoch nom Ministerrot ugekënnegt. Betraff si Photovoltaikanlagen a Wärmepompelen, ma och d’Primmen fir elektresch Autoen, Vëloen an Bornen.

auto_stories

1 min

Luc Frieden wärend dem Briefing nom Regierungsrot | © 	© SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Luc Frieden wärend dem Briefing nom Regierungsrot (Foto: © SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

Wat den Accord vun der Klimakonferenz ugeet sou wier dat e positiivt Resultat, well sech sou vill Staate konnten eenegen, sou de Luc Frieden.

A punkto Logement sollen et am Laf vum Mount Januar Gespréicher tëscht den eenzele Ministèren an den Acteuren aus dem Bausecteur ginn, dat en vue vun de steierleche Mesurë fir dee Secteur. Déi sollen, wa se bis ëmgesat sinn, retroaktiv op den éischte Januar gëllen.

Europapolitesch war et d‘Ausso, datt Lëtzebuerg sech muer zu Bréissel fir Bäitrëttsgespréicher mat der Ukraine a Moldawien géif ausspriechen.