Radioen

On air

Euranet Plus Podcast  |  Wéi abordéiert d'EU de Logementsproblem a wat mécht se fir d'Rechter vun den Fraen?

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Déi éischt Luxembourg Urban Garden Ausstellung zu Lëtzebuerg

Gaardenausstellung

Déi éischt Luxembourg Urban Garden Ausstellung zu Lëtzebuerg

Vum 7. Mee bis den 18. Oktober fänkt d'Luxembourg Urban Garden an der Stad an zu Ettelbréck un. Et handelt sech dobäi ëm eng vergänglech Ausstellung, déi d'Konzept vun der traditioneller Gaardenausstellung, wéi ee se aus dem Ausland kennt, néi interpretéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© luxembourg-city.com play_arrow
Foto: luxembourg-city.com

Text vum Jimmy Bruch

D'Luxembourg Urban Garden, kuerz LUGA - dat sinn Installatiounen am ëffentleche Raum, verdeelt iwwer 5 Sitten an der Stad Lëtzebuerg an am Norde vum Land, zu Ettelbréck. Hei kritt een déi verschiddenste Gaardenanlagen ze gesinn, déi net just Planzen, mee och Materialien esou wéi hiren Entourage an Zeen sëtzen. Dat Onsiichtbaart siichtbar maachen, dat ass d'Zil vun der Luxembourg Urban Garden. Een Titel, fir deen ee sech ganz bewosst entscheet huet. D'Ann Muller, Coordinatrice generale vun der Ausstellung, erkläert wisou.

"All déi Theemen déi mer hunn, sinn net wierklech gräifbar. Also wann ee Biodiversitéit huet, wann een économie circulaire - jiddweree stellt sech eppes aneschters ënner écologie urbaine, ënner Patrimoine vir. An dofir passt deen Titel am Fong immens gutt."

Iwwerdeems ass d'LUGA net just d'Gäert an de Parcours, dee se verbënnt. Déi 6 Méint iwwer déi een d'Expo kucke goe kann, fannen och reegelméisseg Evenementer ronderëm déi verschidden Theeme vum Urban Garden statt. An och hei ass de Programm gutt gefëllt, esou d'Ann Muller. Esou géifen zum Beispill méi wéi 1.000 Evenementer mat iwwer 500 Partneren organiséiert ginn, donieft fanne Workshoppen a Konferenze statt.

Och d'Landwirtschaft spillt dëst Joer eng Roll

Och d'Landwirtschaft gëtt bei der LUGA als Theema opgegraff. Dofir gëtt en Deel vun der LUGA zu Ettelbréck installéiert, fir vun der landwirtschaftlecher Bedeitung vun der Nordstad ze profitéieren, erkläert den Ettelbrécker Buergermeeschter Bob Steichen.

"Et kënnt zum Deel eng Begréngung op verschiddene Plazen, wéi och am Däich, wou och virun der Däichhal eng nei Situatioun entsteet."

Am konstante Wandel

Doriwwer eraus setzt d'Luxembourg Urban Garden och op de konstante Wiessel vun der Natur. Et kann een deemno fest domat Rechnen, datt d'LUGA iwwer déi 6 Méint net ëmmer d'nämmlecht wäert ausgesinn.

Iwwerdeems ass et déi éischte Kéier, datt een zu Lëtzebuerg esou eng Ausstellung organiséiert. Déi Responsabel vun der LUGA erhoffe sech awer, datt een och an Zukunft esou Projete ka fir de Publikum aus der Groussregioun organiséieren.

Lauschterenplay_arrow