Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
search

/ Déi däitsch Wirtschaft kënnt net richteg a Schwong

Ekonomie kränkelt

Déi däitsch Wirtschaft kënnt net richteg a Schwong

Déi grouss Wirtschaftsinstituter hunn hir Konjunkturprognosen däitlech zréckgeschrauft. Fir dëst Joer rechne si nëmmen nach mat engem Mini-Wuesstum vun 0,1 Prozent.

auto_stories

1 min

Robert Habeck | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Robert Habeck (Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld)

Am Hierscht ware si nach vun engem Plus vun 1,3 Prozent ausgaangen. Déi däitsch Ekonomie géif kränkelen, d‘Produktivitéit op der Plaz trëppelen, heescht et an de Fréijoersprognosen. D‘lescht Joer war d‘Ekonomie an der gréisste Vollekswirtschaft an Europa, ëm 0,3 Prozent zréckgaangen.