arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi berüümt japanesch Avant-garde Kënschtlerin Yayoi Kusama ass gestuerwen

Am Alter vu 97 Joer

|
reading time

1 min

Déi berüümt japanesch Avant-garde Kënschtlerin Yayoi Kusama ass gestuerwen

D'Yayoi Kusama wier de 14. August an enger Klinik zu Tokio gestuerwen, esou hire Management. D‘Kënschtlerin gouf eréischt méi spéit an hirer Karriär richteg unerkannt. Dat wéinst hire Skulpturen an Installatiounen.

reading time

1 min

© EPA/FRANCK ROBICHON
(Foto: EPA/FRANCK ROBICHON)

Si huet an de 1960er an ugangs de 70er Joren zu New York als Kënschtlerin geschafft, mee ass do op vill Resistenz gestouss an enger Konschtzeen, déi vu Männer dominéiert gouf.  

Hir Installatioun "Infinity Mirror Rooms" vun 1965, wou Spigel a Luuchten onendlech Espace kreéiert hunn, huet Millioune Visiteuren ugezunn.

Enk Verbindung mat Louis Vuitton

Déi international Unerkennung koum awer erréischt méi spéit: Am Joer 1993 war si déi éischt japanesch Solokënschtlein, déi Japan bei der Biennale zu Venedeg vertrueden huet.

Berüümt sinn hir Biller a Kleeder mat faarwege Punkten. Si huet mat Louis Vuitton zesumme geschafft, a virum Louis Vuitton Haus zu Paräis steet eng grouss Skulptur vun der Yayoi Kusama.