Virun de Chamberwale ware sech déi Lénk beim Theema jo esou oneens, datt d’Partei keng offiziell Positioun zum Theema bezunn hat. D'Diskussiounen ëm d'Ukrain waren dann um Kongress de Sonndeg, wéi zënter dem Ufank vum russeschen Ugrëffskrich, ugespaant. Trotz Meenungsverschiddenheeten ass awer eng Resolutioun gestëmmt ginn: D'Ukrain soll déi Hëllef kréien, déi se brauch.
"D'Konsequenze vun enger Verweigerung vun enger Hëllef, déi och konkreet ka sinn, net just militäresch. Doriwwer muss een awer och kënnen diskutéieren. Well iergend eng Kéier muss een awer och Tacheles schwätzen, wat et géif heeschen, wann duerno Russland an d'USA sech d'Ukrain opdeelen, wat et fir d'Bevëlkerung do op der Plaz géif heeschen."
Wat déi militäresch Hëllef ugeet, soll déi awer beim néidege Minimum bleiwen, deen der Ukrain erlaabt sech ze verteidegen, heescht et nach an der Resolutioun. All diplomatesche Versuch fir de Krich op een Enn ze brénge soll virgezu ginn.
Fir déi Lénk steet parteiintern iwwerdeems ee Strategiewiessel un: D'Ziler sinn eng laangfristeg politesch Visioun, Strukturell a statutaresch Ännerungen an en Aktiounsplang, dee bis zu den nächste Wale soll stoen. Dat an der Hoffnung, datt een och zu Lëtzebuerg ee Succès ka feiere wéi déi däitsch Schwëster-Partei Die Linke rezent an der Bundestagswal. Eng Resolutioun zum Theema gouf eestëmmeg ugeholl.
Regierung hielegt Kollektivverträg aus
Schaarf Kritik gouf et dann um Nationalkongress un der CSV-DP-Regierung: Déi géif zouloossen, datt rietsextreem Ideologië sech géife verbreeden. D'Partei huet an deem Sënn eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl fir eng Brandmauer géint ee Rietsruck oprechtzëerhalen. An dat mat Hëllef vum soziale Fortschrëtt.
A senger Ried hat de Marc Baum op d'Suerge vun der Partei higewisen.
"Dës Regierung refuséiert eng Direktiv ëmzesetzen, nämlech d'Mindestloun-Direktiv. Par contre soll e Kollektivverträg ausgehielegt ginn, d'Aarbechtszäite liberaliséiert ginn an d'Sonndesaarbecht dereguléiert ginn. Dat sinn d'Attacken, déi geféiert ginn an déi am Zentrum vun eiser Aarbecht stinn."
Stéchwuert Gewerkschaften: Och d'Nora Back vum OGBL an de Patrick Dury vum LCGB haten e Message fir d'Participante vum Kongress. A Form vun engem Video huet d'Gewerkschaftsfront dozou opgeruff fir den 28. Juni un der Manifestatioun deelzehuele fir géint déi sougenannten Attacke vun der Regierung ze protestéieren.