Radioen

On air

Notturno  |  Dj Goodboy - Texas Queen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi Escher Gemengeconseillière Tammy Broers wiesselt vun de Pirate bei déi gréng

Weideren Austrëtt

Déi Escher Gemengeconseillière Tammy Broers wiesselt vun de Pirate bei déi gréng

Wéi de Marc Goergen op X mat gedeelt huet, hätt d‘Tammy Broers der Partei de Mëttwoch den Owend matgedeelt, datt si d‘Piratepartei verléisst. E Grond gëtt net genannt.

auto_stories

2 min

D‘Tammy Broers ass zënter Juni Conseillère am Escher Gemengerot a wiesselt elo bei déi gréng. Eréischt d‘lescht Woch hat déi Déifferdenger Gemengeconseillère Morgan Engel d‘Piratepartei verlooss a war bei d‘LSAP gewiesselt.

Meris Sehovic zefridde mam Wiessel

De Parteicoordinateur vun der Piratepartei Marc Goergen hat de Mëttwoch matgedeelt, datt d’Tammy Broers d’Piratepartei verléisst.

Schonn zënter de Gemengewalen hätt hien ee gudde Kontakt mam Tammy Broers gehat, seet de gréngen Escher Schäffe Meris Sehovic. Ee Kontakt, dee sech an de leschten Deeg intensivéiert hätt, wéi d’Tammy Broers op der Sich no enger neier politescher Famill gewiescht wier.

De Meris Sehovic

Lauschterenplay_arrow

"Ech muss awer soen, datt ech mech perséinlech immens gefreet hunn, wéi ech gesinn hunn, dass eng Demande era komm ass. Ech mengen, datt d’Tammy gewielt ginn ass, vu Mënschen zu Esch, déi oft oder ze oft keng Stëmm hunn an der Politik. Sou datt ech iwwerzeegt sinn, datt dem Tammy seng Vuen an dem Tammy seng Stëmm gutt bei déi Gréng passen an eis wäerten erméiglechen nach besser all d’Escherinnen an d’Escher ze vertrieden."

Dem Meris Sehovic no, géif et och eng Demande vum President vun der Escher Lokalsektioun vun der Piratepartei, dem Patrick Steffen ginn, fir bei déi Gréng ze wiesselen.

Schonn dee sechsten Austrëtt aus der Piratepartei

RTL hat de Moie gemellt, datt d’Tammy Broers a fënnef weider Pirate vun Esch bei déi Gréng géife wiesselen. Déi Zuel krute mir vum Escher Schäffen net confirméiert.

De Parteiaustrëtt vun der Tammy Broers ass iwwregens am Ganze schonn dee sechste vun engem Gemengerotsmember vun der Piratepartei.