Radioen

On air

9 bis 1  |  Pearl & The Oysters - Big Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Definitiv Resultater: Oppositiounsparteie kënnen nei Regierung forméieren

Walen a Polen

Definitiv Resultater: Oppositiounsparteie kënnen nei Regierung forméieren

Elo sinn d‘Resultater vun de Parlamentswalen a Polen definitiv: An et deit sech effektiv e Regierungswiessel un. Déi dräi Oppositiounsparteie kënnen déi nei Regierung forméieren, si kommen op eng Majoritéit vun dräi Sëtz am Parlament zu Warschau.

auto_stories

1 min

Deemno kréich de fréiere liberal-konservative Regierungschef a fréieren EU-Conseilspresident Donald Tusk, zesumme mat de Chrëschtlech-Konservativen an der Lénksallianz, eng nei Regierung op d‘Been.

De Ball läit elo beim Präsident Andrej Duda, deen ee Formateur muss nennen. Déi riets-konservativ Regierungspartei PiS, déi aacht Joer laang un der Muecht war, huet kéng absolut Majoritéit kritt.