Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Seed To Tree - Integrity (You Don't Owe Nothing To Me)

play_arrow Live
search

/ Mangelnd Wäertschätzung fir Aide-soignanten: Net nëmmen do, fir "den Hënneschte propper ze maachen"

Chamber

Mangelnd Wäertschätzung fir Aide-soignanten: Net nëmmen do, fir "den Hënneschte propper ze maachen"

Méi Wäertschätzung an eng besser Bezuelung fir d’Aarbecht vun den Aide-soignanten: Dat war déi zentral Fuerderung vun der ëffentlecher Petitioun, iwwert déi um Mëttwochmëtteg an der Chamber diskutéiert gouf. Dës Petitioun vum Aide-soignant Bryan Jaeger war Enn vum leschte Joer vu bal 4.600 Leit ënnerschriwwe ginn. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

Haut hat de Petitionär Bryan Jaeger d’Geleeënheet, den Deputéierten, grad wéi der Ministerin Martine Deprez seng Fuerderungen ze presentéieren.

"Mir sinn net nëmmen do, fir eng Fleeg ze maachen, esou datt de Bewunner propper ass. De Klischee ass halt nach ëmmer esou, datt mir den Hënneschten nëmme propper maachen. Mee et ass leider net esou. Mir ënnerstëtzen an hëllefen do, wou et wichteg ass."

Net just d'Pai, déi zielt

Eng 6.000 Aide-soignantë schaffen de Moment hei am Land, war an der Chamber ze héieren. Am éischte Joer am Beruff verdéngt een Aide-soignant knapp 3.700 Euro brutto de Mount, esou eng weider Zuel, déi genannt gouf.
Dozou d’Aide-soignante Adèle Fiorucci-Lang, déi de Petitionär begleet huet, an déi scho méi laang am Beruff schafft.

"D’Wäertschätzung geet a mengen Aen net iwwert d’Pai. Do komme ganz aner Facteuren an d’Spill, virun allem Respekt."

Martine Deprez: All Gesondheetsberuffer si gläichwäerteg

Am Gesetz géif et keng Spuer vu manner Wäertschätzung ginn, esou d’Ministerin Martine Deprez an der Debatt an der Chamber. All Gesondheetsberuffer wiere gläichwäerteg mat hire Missiounen opgelëscht.

"Heiansdo si verschidde Missiounen, déi eben ënnert der Supervisioun vun enger Infirmière beim Aide-soignant mussen ausgefouert ginn, well de Legislateur dat esou decidéiert huet, fir eben ze garantéieren, datt een net eleng do steet, wann herno eppes schif geet."

Wat d’Ausbildung ugeet huet d’Gesondheetsministerin erkläert, datt et de Moment eng “Ëmbrochphas” géif ginn. D’Martine Deprez huet ugekënnegt, datt spéitstens 2028 kéint doriwwer nogeduecht ginn, d’Ausbildung vum Aide-soignant ëm ee Joer ze verlängeren, fir se mat engem Bac général kënnen ofzeschléissen.

An nom Debat Public vun haut soll deemnächst eng Reunioun vun de véier Chamberkommissioune fir Gesondheet, Educatioun, Héichschoul a Petitiounen organiséiert ginn, fir ënner anerem virun iwwert de Beruff vum Aide-soignant ze diskutéieren. Dat gouf no der Sitzung decidéiert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft