Israel misst Mesuren huelen, fir palästinensesch Zivilisten an der Gazasträif ze schützen. Déi Decisioun ass rechtlech bindend, erënnert de Xavier Bettel an engem Schreiwes, hie betount: Déi séiersten an effikasste Method, fir se ëmzesetzen, wier en direkte Waffestëllstand.
Den DP-Ausseminister appelléiert weider awer och un d‘Hamas, fir déi israeelesch Geiselen, déi nach ëmmer festgehale ginn, fräizeloossen.