Den Ëmweltministère huet awer weider Detailer gefrot. An eréischt wann déi Detailer do sinn, kéint d’Instruktioun vum APD ofgeschloss ginn, da kéinten och d’Kompenséierungsmesurë präziséiert ginn.
D’Wort schreift, datt et och nach keen Accord gëtt iwwer d’Plënneraktioun vum der Firma Saint-Gobain, déi réckele muss, fir den aktuelle Projet vum Contournement ze realiséieren. Nach géifen d’Diskussioune lafen, krut d’Wort vum Wirtschaftsministère matgedeelt.