Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Florence Besch - Feeling Sick

play_arrow Live
search

/ De slowakesche Premier war beim Wladimir Putin

Am Viraus net annoncéiert

De slowakesche Premier war beim Wladimir Putin

De slowakesche Premier Robert Fico gouf de Sonndeg zu Moskau vum russesche President Wladimir Putin empfaangen. Dee rietspopulistesche slowakesche Regierungschef ass ee vun de wéinegen europäesche Leaderen, déi dem Putin no bliwwe sinn. Dës Visitt war net offiziell am Viraus annoncéiert ginn.

auto_stories

1 min

Moskau sot, et wier eng Aarbechtsvisitt gewiescht. De Kreml huet e Video publizéiert, wou de Putin an de Fico sech d'Hand ginn.

De Robert Fico ass zanter eppes méi wéi engem Joer nees slowakesche Premier, hien huet all militäresch Hëllef vu sengem Land un d'Ukrain gestoppt a sech fir Friddensgespréicher ausgeschwat.