Bei deene Gespréicher geet et iwwert d‘Situatioun an der Gazasträif an d‘Sich no enger friddlecher Léisung vum israeelesch-palestinensesche Konflikt, esou e Communiqué vum Ausseministère.
Déi Lénk fuerderen den Ausseminister op, fir bei senger Visitt am Noen Oste ganz kloer d‘Gewalt géint palestinensesch Zivilisten ze verurteelen a fir en direkte Stopp vun den Attacken an der Gazasträif ze fuerderen.