Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Ukrain fuerdert eng Enquête iwwert de Fligeraccident mat ukrainesche Krichsprisonéier

Krich an der Ukrain

D'Ukrain fuerdert eng Enquête iwwert de Fligeraccident mat ukrainesche Krichsprisonéier

De Wolodymyr Selenksyj fuerdert eng international Enquête iwwert de russesche Militärfliger, dee gëschter iwwert der Grenzregioun Belgorod erofgefall ass.

auto_stories

1 min

Aktuell géif den ukrainesche Militärgeheimdéngscht probéieren d‘Schicksal vun dosenden ukrainesche Krichsprisonéier déi u Bord solle gewiescht sinn, ze klären, sot den ukrainesche President gëschter Owend a senger Videosuprooch. Nach wiere vill Froen op. Moskau seet, déi 74 Mënschen u Bord wieren ëmkomm, ënnert hinne wiere 65 ukrainesch Krichsprisonéier gewiescht. Déi Informatioune goufen net vun onofhängeger Säit confirméiert.