De Wolfgang Schäuble war zanter engem Attentat op hien am Joer 1990 queeschschnëttsgeläämt an op e Rollstull ugewisen.
Hie war däitschen Inneminister vun 1989 bis 1991 ënnert dem deemolege Kanzler Helmut Kohl. An där Zäit huet hien nom Fall vun der Mauer den däitsche Vereenegungs-Accord mat ausgehandelt. Hie war nees Inneminister tëscht 2005 an 2009 ënnert der deemoleger Kanzlerin Angela Merkel. Vun 2009 bis 2017 war hie Finanzminister a vun 2017 bis 2021 President vum däitsche Bundestag.
Sehr traurig über den Tod von Minister Wolfgang #Schäuble. Mit ihm verliert Europa einen großen Politiker. Vielen Dank Wolfgang für Deine Freundschaft und Deinen wertvollen Rat in der Politik und im Leben. pic.twitter.com/6O8IjzZCLM
— Luc Frieden (@LucFrieden) December 27, 2023