Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Wee op d'Aarbecht: Den Auto bleift mat Ofstand dat beléiftsten Transportmëttel

Nei Etüd vum Statec

De Wee op d'Aarbecht: Den Auto bleift mat Ofstand dat beléiftsten Transportmëttel

Déi meescht Leit hei am Land, nämlech 69 Prozent, huelen den Auto fir op d'Aarbecht ze kommen. Dat geet aus enger neier Etüd vum Statec ervir. Deen aneren Drëttel fiert gréisstendeels mam ëffentlechen Transport.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ATP
(Foto: picture alliance / ATP )

11 Prozent huelen de Bus, 5 Prozent den Zuch, an 2 Prozent den Tram als Haapttransportmëttel. Da bleiwen nach 12 Prozent, déi entweder zu Fouss oder mam Vëlo op d'Aarbecht kommen.

Aus der Etüd geet och ervir, datt dee Prozentsaz vun 69 Prozent, déi den Auto huelen, an 10 Joer (tëschent 2011 an 2021) nëmme ganz liicht zeréckgaangen ass, an datt den ëffentlechen Transport stabel bei 17 Prozent bliwwen ass.