Text: Samuel Hamen
Et schéngt, wéi wa sech d’Häre Frieden, Mischo a Gloden wéi d’Hexen aus dem Shakespeare sengem 'Macbeth' zesummegedoen hätten, fir ze paktéieren. Hu si sech op engem oppene Feld getraff, wéi am Original vum Shakespeare? Oder éischter an engem schicke Restaurant zu Monnerech? Mir wäerten et net erausfannen. Mee aner Saache si kloer.
E klore Message
D’Caritas gouf ofgewéckelt. Net gerett, net opgefaang. Nee: ofgewéckelt. Wien de Mataarbechter nolauschtert, de Leit um Terrain, dee gesäit, datt et aner Léisunge ginn hätt. "Keen Euro" géif d’Regierung fir den Ament un d’Caritas ginn, dat sot de chrëschtlech-soziale-Vollekspartei-Premier Luc Frieden Enn Juli. Wann e versteet, datt den Euro, datt Suen den eenzege Wäert sinn, deen dëse Regierungs-CEO acceptéiert, dee versteet och, datt "keen Euro" einfach alles seet: Glat näischt hutt dir vun eis ze erwaarden. Dat war de Message. A sou ass et du jo och komm.
Keen oppent Ouer
An de Verhandlunge ronderëm d’Kollektivverträg huet den Aarbechtsminister Georges Mischo de Gewerkschaften een änleche Message mat op de Wee ginn. Erwaart Iech an dësen Diskussiounen näischt vu mir. Keng ausgestreckten Hand, keen oppent Ouer. Ech héiere mir är Proposen un, méi awer och net. D’Meenung vun OGBL, LCGB a CGFP ass un dësem Dësch niewesächlech. Vive de Patronat. Eng Reunioun, e puer Sätz ginn dem Mischo duer, fir aus dem Sozialdialog, op deen all d’Parteie sou houfreg sinn, eng Farce ze maachen.
Ganz konkret ass et fir den Alborz Teymoorzadeh ginn. Den Inneminister Léon Gloden huet decidéiert, datt dem Iraner seng Openthaltsgeneemegung net verlängert gëtt, an dat obwuel den Teymoorzadeh de Support aus der Kulturzeen hat, op een CDD vun 20 Stonne verweise konnt, an amgaang war, seng Karriär als Kënschtler opzebauen. Mee dat gouf ouni Versteesdemech verschrompelt zu enger Fro vun de finanzielle Ressourcen, déi net géife virleien. Dat ass eng pervers Argumentatioun, well d’Liewensrealitéit vu fräien Artisten hei am Land dacks eng prekär ass, souguer bei deenen, déi etabléiert sinn. An der gemeinsamer Äntwert op eng parlamentaresch Fro hunn de Léon Gloden an de Kulturminister Eric Thill virgëscht um Mëttwoch geschriwwen, datt hannert all Demande d’immigration e perséinlecht Schicksal géif stiechen. Wann dat tatsächlech gezielt hätt, hätt den Inneminister sech am Virfeld mat sengem Homolog vun der Kultur missen austauschen, fir an dësem Fall ze tranchéieren.
De Kompromëss baussecht der Bürokratie
Dräi Beispiller – jo, duerchaus disparat, an awer verbonnen duerch de Prinzip vum stengenen Häerz. Gewëss, et gëtt Gesetzer, et gëtt Paragraphen a bürokratesch Richtlinnen, un déi ee sech hale muss. An awer gëtt et och an der administrativer Logik eng Marge de manoeuvre, gëtt et d’Interpretatioun vun de Paragraphen an de Kompromëss baussecht der Bürokratie. Mee eis dräi Hexemeeschtere schéngen dorunner net interesséiert ze sinn. Dofir ass d’Keelt en ze effikasst Instrument an der Politik. Et hält d’Leit doheem, bei sech, am Monolog, ewech vum Dialog. Keelt isoléiert deen ee vum aneren.
Dat Engt – d’Wieder dobaussen – dat ass en Naturgesetz. Dorunner ännert een näischt. Dorunner gewinnt ee sech. Dat Anert – d’Politik dobaussen – dat ass dacks genuch eng Ideologie. An dorunner dierf ee sech net gewinnen. Dorunner muss sech eppes änneren. Déi nei Normalitéit, déi d’CSV op Lëtzebuerg néiergoe léisst wéi e Schluet, se ass net normal, an dat muss een déi kal Hären och wësse loossen, wa si mat hirer Agenda duerch d’Land zéien.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.