Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Syvicol hätt sech méi Recommandatioune vun der Regierung gewënscht

Gemengesyndicat

De Syvicol hätt sech méi Recommandatioune vun der Regierung gewënscht

D’Gemengen hu sech gëschter um Dënschdenowend ganz séier missten organiséieren. Engersäits fir ze entscheeden, ob een d’Gemengeservicer géif weider assuréieren, an anersäits fir den Accueil an de Schoulen ze assuréieren. Et hätt ee sech awer nieft der genereller Alerte rouge och méi national Direktive gewënscht fir d’Gemengenorganisatioun, esou de Syvicol-President Emile Eicher.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Pierre Bellion play_arrow
(Foto: Pierre Bellion)

Grad ewéi an aneren Ausnamefäll wéinst dem Wieder wiere ganz wéineg Schüler an d’Schoul gaangen, huet och den Educatiounsministère matgedeelt.

Fondamental: Fënnef Prozent vun de Schüler sinn an d'Schoul komm

An der Grondschoul hunn d’Maison-relaisen ee Service d’accueil ugebueden, grad ewéi an de Schoule selwer. Wéineg Schüler hu sech de Moie presentéiert, präziséiert de Lex Folscheid vum Educatiounsministère.

"Mir hu fir d’Grondschoul ee Feedback aus deene verschiddene Regioune kritt. Am Fondamental ass et esou, datt haut de Moien iwwerall den Accueil an der Schoul an och dono an der Maison relais konnt assuréiert ginn. Déi Retouren, déi mir kritt hunn, déi weisen, datt mir bei ongeféier fënnef Prozent vun der Schoulpopulatioun vun de Schüler waren, déi de Moien an d'Schoul komm sinn. Dat, well d'Eltere professionell Verflichtungen haten."

Aus de Lycéeë gëtt et fir den Ament keng genee Zuelen iwwer d’Schülerpresenz.

Méi national Direktiven

De Gemengesyndikat Syvicol huet sech gëschter Owend iwwer d’Buergermeeschter-Whatsapp-Grupp organiséiert, an eng 40 Gemengen hu sech gëschter direkt gemellt fir Detailer ze reegelen, erkläert de Syvicol President Emile Eicher.

"Et sinn 28 Gemengen, déi gesot hunn, mir ginn eriwwer an de Service réduit, wou mir nach ëmmer eng Presenz op der Gemeng garantéieren an déi aner Leit schaffen am Teletravail, mee et hunn der 26 déi awer och gesot hunn, mir schaffen normal ouni Ausnam weider. A ronn eng hallef Dosen hu gesot, mir waarde Mol de Moien of a wann et de Mëtteg méi schlëmm gëtt, dann decidéiere mir kuerzfristeg."

Et hätt ee sech awer nieft der genereller Alerte rouge och méi national Direktive gewënscht fir d’Gemengenorganisatioun, esou den Emile Eicher.

"Well et wier och vläicht eventuell gutt gewiescht, wann dee Moment och vu Säite vun der Regierung eng Recommandatioun fir d'Gemenge komm wier fir net nëmmen ze soen, datt et Gefore ginn, mee wéi se sech dann och kéinte verhalen."

An all de Gemenge gouf de Busservice fir d’Schoulen och annuléiert. Dëst, well et fir déi Gefierer méi schwiereg ass ze fueren, an och fir den Haaptverkéier net ze belaaschten. 

Lauschterenplay_arrow