Wéinst dem Schnéi goufen et zanter de Moien e bëssen iwwerall op eise Stroosse Problemer. Nieft Stauen, Accidenter a Gefierer, déi hänke bliwwen an d‘Stroosse komplett blockéiert hunn, war och den ëffentlechen Transport zäitweis massiv perturbéiert, virun allem am Kanton Esch an an der Gemeng Lëtzebuerg.
Beim CGDIS gouf et op eis Nofro fir haut kee speziellen Dispositif. Et hätt och de Moie keng aussergewéinlech Tëschefäll ginn.
Keng Haus-zu-Haus-Sammlung am Kanton Capellen
A verschiddene Gemenge goufen haut keng Haus-zu-Haus-Sammlunge gemaach: zu Bartreng, Garnech, Kielen, Koplescht an Habscht, huet den interkommunale Syndicat fir de Kanton Capellen, SICA, matgedeelt. Wéi et schéngt géif deene Gemengen d‘Salz esou lues ausgoen. D‘Kollekte géife muer nogeholl ginn, déi zu Kielen eréischt e Samschdeg.
An de Gemeng Grousbous-Wal a Gréiwels ass d’Primärschoul haut nach emol zoubliwwen. Dat well de Schoultransport ausgefall ass.
Och bei anere Schoulbusser koum et de Moien zu Ausfäll a Retarden, den Unterrecht konnt soss awer an alle Schoulen uechter d’Land gehale ginn, huet den Educatiounsministère confirméiert
Flich op Frankfurt goufen annuléiert
Um Findel gëtt nach de ganzen Dag mat Verspéidunge gerechent. Komplett annuléiert goufen awer just Flich vun an op Frankfurt. Och bei eisen däitschen Nopere suergt de Schnéi fir zolidd Perturbatiounen. Um Frankfurter Flughafe goufe fir haut 300 Flich ofgesot.