De Jorge Mario Bergoglio, wéi de Poopst François mat biergerlechem Numm heescht, war kee Poopst wéi all déi aner. Den 13. Mäerz 2013, ass den hien den éischten net europäesche Poopst zënter dem 8. Joerhonnert ginn a war den éischte Poopst, deen den Numm François gewielt hat. Hien hat sech bei senger Aweiung och net un déi traditionell Kleederuerdnung mat roudem Gewannt vu senge Virgänger gehalen, mee war ganz a wäiss opgetrueden. Datt hien e méi progressive Poopst ass, huet hien och mat der Reform vun der réimescher Kurie, der zentraler Verwaltungsstruktur vun der kathoulescher Kierch bewisen, wat méi konservativ Katholicken duerchaus kritesch gesinn. Mee och, datt hien et homosexuelle Koppelen erlaabt huet geseent ze gi war ënnert de Gleewegen net onëmstridden.
Hie wollt e Poopst sinn deen an der Géigewaart lieft an net an der Vergaangenheet, oder an der Zukunft. Sou hat hien et selwer 2021 wärend der Péngschtmass am Péitersdoum gesot. Ausserhalb vun der kathoulescher Kierch huet de Poopst François sech awer och vill fir sozial Gerechtegkeet, d’Rechter vu den Aarmen an d’Ëmwelt agesat.
Visitt zu Lëtzebuerg
Wärend senger Visitt de leschte September zu Lëtzebuerg, hat hie sech och gewënscht, datt d’Lëtzebuerger méi Kanner sollte kréien, wat am Cercle an der Stad fir Laache gesuergt huet.
"Erlaabt mir nach eppes derbäizesetzen: Ech hunn d'Presenz vu Kanner gesinn. A jo, méi Kanner, méi Kanner: Dat ass d'Zukunft. Ech soen net méi Kanner a manner Hënn, dat soen ech an Italien, mee hei: méi Kanner."
Wärend senger Visitt am Grand-Duché huet de Poopst François sech awer och als ganz nobare Poopst gewisen. Um Wee fir an d’Kathedral ass hien nämlech an der Ënneschtgaass stoe bliwwe fir en Espresso ze drénken an e puer Selfien ze maachen. Eng spontan Visitt déi d’Mataarbechter vum Café sou séier net vergiessen.
Opgrond vu verschiddene gesondheetleche Problemer waren dem Poopst François seng ëffentlech Optrëtter an de leschte Méint ëmmer méi rar ginn.