Philip Crowther (Roum)
Déi éischt Fotoe vum Poopst François no sengem Doud weisen hien am hëlzene Sarg a senger privater Kapell. Op dëse Fotoen ass och de Kardinol Pietro Parolin ze erkennen. Hien ass de Staatssekretär vum Vatikan an ee vun de Kardineel, déi am Konklav fir den neie Poopst ofstëmme wäerten.
De Pietro Parolin gëllt als ee vun de Favoritten, wann et dorëms geet, een neie Poopst ze fannen.
Begriefnes net am Vatikan
Vill vun de Kardineel wäerten nom Begriefnes vum Poopst François zu Roum ukommen. Déi offiziell Trauerzäit huet eng Längt vun néng Deeg. D’Begriefnes selwer fënnt an der Santa Maria Maggiore Kierch statt.
D’Kierch ass zu Roum, mee si befënnt sech ausserhalb vum Vatikan. Dëst wier ee Wonsch, deen am Testament vum Poopst festgehal gouf. Soumat wier dat déi éischte Kéier an iwwer 100 Joer, wou ee Poopst net am Péitersdoum begruewe gëtt.
E leschten Optrëtt op Ouschterméindeg
D'Trauermass fänkt nächste Samschdeg um 10 Auer un, an dat en public an dobausse virum Péitersdoum. Um Ouschtersonndeg war de Poopst François fir d’leschte Kéier op där Plaz lieweg gesinn. Hien hat deen Dag Dausende Leit mat senger Presenz a mat sengem Tour mam Auto duerch d’Stroossen iwwerrascht.
D’Doudelued gëtt moies am Péitersdoum opgeboort. D’Kardineel an aner Offizieller aus dem Vatikan haten haut um Dënschdeg schonn d’Méiglechkeet, him déi lescht Éier ze erweisen.