Radioen

On air

Soundcheck  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den US-Verteidegungsminister soll weider geheim Informatiounen iwwer Attacken am Jemen weiderginn hunn

Demokrate fuerdere seng Ofsetzung

Den US-Verteidegungsminister soll weider geheim Informatiounen iwwer Attacken am Jemen weiderginn hunn

An den USA gëtt et en neien Ament an der Chataffär ronderëm den Verteidegungsminister Pete Hegseth. Dee soll militäresch Informatiounen u seng Fra, säi Brudder a säin Affekot geschéckt hunn, dat mat detailléierten Informatiounen iwwert Attacken am Mäerz am Jemen. Dat Ganzt iwwert e privaten Chat op der kommerzieller Kommunikatiounsapp Signal.

auto_stories

1 min

Pete Hegseth | © picture alliance / Consolidated News Photos | SHAWN THEW
Pete Hegseth (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | SHAWN THEW)

Dës Nouvelle kënnt nom Fall vun der éischter Affär ëm e geheime Gruppenchat mat héichrangege Regierungsvertrieder, an déi duerch e Feeler och e Journalist era komm war. Den Drock op den Hegseth klëmmt, de Fraktiounschef vun den Demokraten am Senat huet gefuerdert, den Hegseth misst gekënnegt kréien.