Radioen

On air

Trendscheif  |  Andy Bell Feat. Dot Allison and Michael Rother - I'm In Love...

play_arrow Live
search

/ De pro-russesche Peter Pellegrini huet d'Presidentewalen an der Slowakei gewonnen

Politik

De pro-russesche Peter Pellegrini huet d'Presidentewalen an der Slowakei gewonnen

An der Slowakei huet de Peter Pellegrini d’Presidentschaftswale mat 53 Prozent vun de Stëmme gewonnen. De Sozialdemokrat huet fir eng virsiichteg Politik vis-à-vis vun der Ukrain plädéiert.

auto_stories

1 min

Säi Kontrahent Ivan Korcok huet sech sengersäits fir eng méi effizient Hëllef un d’Ukrain positionéiert. D’Wal vu gëschter wäert een Afloss op déi aussepolitesch Positioun vun der Slowakei vis-à-vis vun der NATO an der EU hunn.