Eng grouss Majoritéit vu senger Sozialistescher Partei huet sech gëscht hannert seng Propos fir ee Koalitiouns-Accord gestallt. Een Accord, bei deem hien de Support vun den Indépendantiste brauch an hinnen eng Amnestie zougesot huet, och wann hir Aktioune viru sechs Joer illegal waren.
Déi Amnestie ass dowéinst ëmstridden a si gouf och esou an enger Ëmfro ënnert de Membere vun der Sozialistescher Partei net ernimmt. D‘Resultat vun där Ëmfro läit zanter gëschter vir.