Radioen

On air

De Weekend  |  Julie Kuhl - Purple Eyelids

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Pak vun der „GAP“ soll nees opgemaach ginn

EU-AGRARMINISTEREN

De Pak vun der „GAP“ soll nees opgemaach ginn

D‘Reform vun der „Gemeinsamer Agrarpolitik“ ass zanter Uganks 2023 a Kraaft. Elo sollen Deeler dovun nees op de Leescht geholl ginn. Dat hunn d‘EU-Agrarministeren als eng Reaktioun op d‘Bauereprotester an Aussicht gestallt.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Dat Versprieche geet wäit, wann ee bedenkt, wéi laang iwwert déi Reform, déi zanter dem Januar zejoert a Kraaft ass, diskutéiert gouf.

Covid, Klimaschutz-Mesuren an de Krich an der Ukrain hunn d’Situatioun méi schwéier gemaach.

D’Bauere sinn onzefridden an demonstréieren uechter ganz Europa an hire Protest gëtt vun der Politik gehéiert.

D’Europäesch Kommissioun huet scho reagéiert an ënner anerem proposéiert, d’Obligatioun fir Land aus Ëmweltschutzgrënn brooch leien ze loossen deels opzehiewen. An éischter Linn geet et awer och drëm, dat d‘Bauere manner administrativ Chargen hunn. Ënner anerem d‘Kontrollen iwwert d’Anhale vun de Critèrë solle staark reduzéiert ginn.

Lëtzebuerg huet wëlles, Kontrollen ze reduzéieren

Lëtzebuerg ass do definitiv Demandeur, seet d’Agrarministerin Martine Hansen.

„Wa mer eng kuerzfristeg Upassung vum Agrargesetz maachen, an déi wäerte mer maachen, da wäerte mer schonn do de Prozentsaz vu Kontrollen, déi noutwendeg sinn, reduzéieren op de Minimum. Deen ass am Moment net virgesinn.“

D‘Kommissioun misst dofir déi néideg Virgabe maachen, sou d‘Martine Hansen.

Impaktstudien iwwert de „Green Deal“

Op der Reunioun vun den Agrarministeren zu Bréissel konnt all Land duerleeë, wat et sech vu Bréissel erwaart. D’Agrarpolitik muss méi koherent ginn, sou eng vun de Lëtzebuerger Fuerderungen.

“Dat Zweet ass, datt mer eis realistesch Ziler musse sëtzen, datt d'Baueren och gesinn, datt se déi kënnen erreechen an dat Drëtt ass, datt mer Impaktstudie froe vum ganze Green Deal, datt ee wierklech analyséiert, wat op dat fir een Impakt op d'Landwirtschaft?”

D’Mesuren, déi elo proposéiert ginn, misste méi laangfristeg gëllen, sou eng weider Demande vun der Regierung

“D’Bauere brauche Previsibilitéit, an dofir brauche se och Moossnamen, déi net all sechs Méint änneren.”

Lëtzebuerg wier net domat averstane, verschidden Erliichterunge just fir kléng oder Bio-Betriber anzeféieren, sou d’CSV-Politikerin.

“Well da ginn d’Bauere géinteneen, an dat wëlle mer net.“

Reform vun der GAP nees deels a Fro stellen

D’Agrarministere ware sech gëschter eens, datt déi Reform vun der europäescher Agrarpolitik, déi si selwer decidéiert a mat op de Wee bruecht hunn, deels nees revidéiert misste ginn.

Dat wier kee Widdersproch, sou de belschen Agrarminister David Clarinval am Numm vun der EU-Presidence.

„Ce n’est pas déshonorant, de dire que, entre la décision de la PAC et aujourd’hui, le Green Deal et la guerre en Ukraine sont de nature à ce que nous, les autorités publiques, nous prenions la responsabilité et que nous réorientions un peu les choses.“

Keng Decisioun iwwert konkret Mesuren

Et géif duerch d’Protester elo eng Zäitfënster, fir déi fälleg Reform vun der Reform unzegoen, huet den däitschen Agrarminister Cem Özdemir präziséiert. Et wier méiglech, de Green Deal manner bürokratesch ëmzesetzen.

„Die bisherige GAP ist ein Bürokratiemonster, was dazu führt dass Klimaschutz, dass Artenschutz nicht attraktiv ist für Landwirte.“

Eng Lëscht vu konkrete Mesurë gouf op der Reunioun keng festgehalen. D'Kommissioun gëtt vun de Memberlänner opgefuerdert, weider Proposen ze maachen.

Enner anerem d’Diskussioune ronderëm méi Flexibilitéit bei de scho virdrun ëmstriddenen Ëmweltoplagen, ma och d’Nees-Opmaache vu méi grondsätzleche Kapitele wéi dat iwwert déi national Strategiepläng kéinte méi laang daueren. Do war ee sech gëschter eens.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.