Radioen

On air

Moiesstudio  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Medieminister versprécht de Journalisten e besseren Informatiounszougang

Um Neijooschempfang

De Medieminister versprécht de Journalisten e besseren Informatiounszougang

Nach virum Summer wëllt de Luc Frieden dem Regierungsrot ee Gesetzesprojet virleeë fir den Zougang zu Informatioune fir professionell Journalisten ze garantéieren.

auto_stories

1 min

Dat huet den Premier a Medieminister gëschter um Neijooschempfang fir d’Press annoncéiert. Weider soll d’Definitioun vum Beruffsjournalist op de Leescht geholl ginn. Och dat soll nach virum Summer geschéien. Wat d’Kommunikatioun tëschent der Press an der Regierung ugeet, sou wëll de Regierungschef, nieft Pressekonferenzen, reegelméisseg informell Echangen am klenge Krees am Sennenger Schlass aféieren. Mat der Press hat den neie Premier a Medieminister déi lescht Méint en éischter holperege Start. Pressevertrieder haten no de Chamberwalen am Oktober kritiséiert, datt d’Koalitiounsverhandlungen tëschent CSV an DP am Sennenger Schlass hanner zouenen Dieren ofgelaf sinn. D’Press hätt och net genuch Informatioune kritt.