Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Lëtzebuerger Inneminister kritiséiert d'Grenzkontrollen op der däitscher Säit

Op Aarbechtsvisitt zu Saarbrécken

De Lëtzebuerger Inneminister kritiséiert d'Grenzkontrollen op der däitscher Säit

Den Inneminister Léon Gloden war haut op Aarbechtsbesuch zu Saarbrécken. Mam saarlänneschen Inneminister Reinhold Jost huet hien iwwert déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht bei der banneschter an der ziviller Sécherheet diskutéiert. Praktesch géif ee gutt zesumme schaffen, esou de Léon Gloden. Kriminalitéit a Katastrophe géife keng Grenze kennen.

auto_stories

2 min

Foto: Serge Kesseler

Dowéinst wier déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht ganz wichteg, huet de Lëtzebuerger Minister zu Saarbrécken ënnerstrach.

De Léon Gloden huet awer och seng Kritik un den däitsche Kontrolle vun de Grenze widderholl. Dës Kontrolle kéint een als Lëtzebuerg "natierlech" net mat droen, huet hie betount.

"Ich habe auch des öfteren schon darüber schon mit der Kollegin Faeser gesprochen. Wir sind uns einig, dass die Aussengrenzen besser kontrolliert werden müssen. Aber Luxemburg verteidigt natürlich die Position, dass an den Binnengrenzen keine Kontrollen stattfinden werden sollen."

Et wéilt ee keng dauerhaft Grenzkontrollen, huet de saarlänneschen Inneminister geäntwert. D‘Schengener Verträg géifen déi aktuell temporär Grenzkontrollen awer zousloossen, sou de Reinhold Jost.

Grenziwwerschreidenden Zenter fir Sécherheetsautoritéiten

Fir am Kampf géint d’Kriminalitéit méi enk zesumme schaffen, hat de saarlänneschen Inneminister d’Iddi vun engem grenziwwerschreidende Kompetenz- a Formatiounszenter fir Sécherheetsautoritéite lancéiert. Dat wier eng gutt Iddi, esou dozou haut de Léon Gloden, dee beim ugeduechten neien Zenter dëse Verglach gemaach huet.

"...Dieses internationale Polizeizentrum, so eine Art Schengen-Lyzeum für Polizei."

De saarlännesche Minister Reinhold Jost huet ugekënnegt, datt fir dëse geplangten Zenter mat Sëtz am Saarland, d’nächst Woch zu Berlin eng Deklaratioun soll ënnerschriwwe ginn.

Wéi ee Bäitrag Lëtzebuerg beim grenziwwerschreidenden Zenter fir Sécherheetsautoritéite kéint leeschten, konnt de Minister Léon Gloden haut nach net soen.