Hien huet awer déi meeschten Zäit am Ausland gelieft. Zu New York, London an Algerien. Hien hat eng duebel Lëtzebuergesch-US-amerikanesch Nationalitéit. Hie selwer huet sech als Nomad vun der Litertaur bezeechent, en Explorateur, deen duerch international Literaturen a Kulturen a ville Sproochen navigéiert.
2020 huet de Pierre Joris de Batty Weber Präis fir säi Liewenswierk kritt.
Fir nozelauschteren
D'Valerija Berdi mat engem Bäitrag iwwer a mam Pierre Joris.
An eiser Emissioun Kultur um 5 huet de Jean Portante, dee ganz enk mam Pierre Joris befrënt war an hien als säi Mentor bezeechent huet, ee Bréif virgelies, deen hien dem Joris kuerz viru sengem Doud geschriwwen huet.