Radioen

On air

9 bis 1  |  Roosevelt - Feels Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Lëtzebuerger Ausseminister gesäit en NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain skeptesch

Krich an der Ukrain

De Lëtzebuerger Ausseminister gesäit en NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain skeptesch

Der DPA no, gesäit de lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel e méiglechen NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain, skeptesch. Hie géif een NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain fir geféierlech halen, well doduerch weider Spannungen a Konflikter kéinten entstoen.

auto_stories

1 min

© European Union
Foto: Europäesch Unioun

De Xavier Bettel ënnerstëtzt éischter eng EU-Memberschaft fir d’Ukrain, heescht et op der DPA.

Seng Ausso steet domat am Widdersproch mat där vum Premier Luc Frieden, de 17. Oktober um Bord vum EU-Sommet. Hien hat sech deemools däitlech fir eng NATO-Memberschaft vun der Ukrain ausgeschwat.

"Mir behandelen d‘Ukrain haut scho wéi e ganz enke Partner vun der NATO. Well et si schlussendlech d‘NATO-Staaten, déi op der Säit vun der Ukrain sinn. Mir wëllen natierlech net en direkte Krich mat all deene Grënn, déi mer kennen. Mee meng Positioun huet schonn do geännert. D‘Ukrain huet eng Vocatioun, fir Deel ze gi vun der Euro-Atlantescher Famill, well mer net wëllen, datt se an eng aner Hand fält."