Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi rezent Entwécklungen am Ukrain-Krich

International

Déi rezent Entwécklungen am Ukrain-Krich

An der Ukrain gi sech nei Suergen ëm d‘Atomkraaftwierk vu Saporischja gemaach, wat zënter dem Optakt vum Krich ëmmer erëm fir Opreegung suergt. Déi russesch Besatzer hätten nei Minne ronderëm d‘Wierk geluecht, huet déi international Atomenergieautoriteit – d‘IAEA elo kritiséiert – am November eréischt ware Minnen do ewech geraumt ginn.

auto_stories

2 min

De Chef vun der IAEA Rafael Grossi huet sech och berouegt gewisen, datt Russland dëst Joer wuel kaum a même wier déi néideg Revisioun am ganze Wierk ze maachen. Déi awer wier néideg, fir d‘Sécherheet vun der Anlag ze garantéieren, esou de Grossi.

Weider militäresch Ënnerstëtzung vu Groussbritannien an Däitschland

Däitschland a Groussbrittanie wëllen d‘Ukrain am Krich géint Russland weider ënnerstëtzen, doriwwer ware sech déi zwee Regierungscheffen Olaf Scholz a Rishi Sunak an engem Telefonsgespréich eens. Groussbritannie wëllt der Ukrain esou dëst Joer eng militäresch Hëllef fir 2,9 Milliarden Euro zoukomme loossen.

Och Frankräich steet weider un der Säit vun der Ukrain, dat sot de franséische President Emmanuel Macron de Freideg bei enger Visitt vun enger Arméikasär zu Cherburg. Wuel wier een net am Krich mat Russland, mee et wier een an der Flicht, eng russesch Victoire an der Ukrain onméiglech ze maachen. Et war och den Appell un déi franséisch Rustüngsindustrie méi séier ze produzéieren.

Baltesch Staate baue Bunkeren op der Grenz mat Russland

Déi baltesch Staaten Estland, Lettland a Litaue wëllen elo hir Grenze mat Russland a Belarus mat honnerte Bunker sécheren. Dat hunn d‘Verdeedegungsminister vun den dräi EU- an NATO-Memberlänner gëschter annoncéiert. De russesche Krich an der Ukrain hätt gewisen, datt esou Verteidegungsanlagen an Estland ënner anerem wichteg wieren, fir d‘Land kënnen ze verdeedegen, sot den estesche Verdeedegungsminister. De Bau vun den Anlage soll 2025 ufänken.