search

/ De Krich am Sudan: Dacks iwwersinn, trotz desastréisen Zoustänn

3 Joer Biergerkrich

|
reading time

2 min

De Krich am Sudan: Dacks iwwersinn, trotz desastréisen Zoustänn

D’Mënschen am Sudan géifen den Ament ënner apokalypteschen Zoustänn leiden. Dat sot den Thomas Kauffmann vun der ONG Care Lëtzebuerg am 100,7-Interview. Zënter 3 Joer kämpfen de Generol vun der Arméi an dee vum Paramilitär ëm d’Muecht. De bluddege Krich ass awer e bëssen a Vergiessenheet geroden.

reading time

2 min

© EPA/MOHAMED HOSSAM
(Foto: EPA/MOHAMED HOSSAM)

Vun der sudaneesescher Haaptstad Khartum huet sech dee Krich uechter d’Land ausgebreet. Duerch de Krich am Noen Osten géif dee Krich, wéi vill Anerer och, den Ament an den Hannergrond réckelen, seet den Thomas Kauffmann.

Verweigere vun humanitärer Hëllef gëtt als Waff genotzt

D’humanitär Situatioun am Sudan wier awer katastrophal. 30 Milliounen Awunner:innen, also zwee Drëttel vun der Populatioun, géifen ënner Honger leiden, Gewalt u Kanner a Frae géif als Krichswaff benotzt ginn, an och de begrenzten Accès un humanitärer Hëllef, géifen d’Krichsparteien ausnotzen, wéi den Thomas Kauffmann vun der ONG Care erkläert.

"Il y a actuellement dans le monde une contraction des financements pour l'aide humanitaire. Ça, c'est une chose. Mais une autre chose aussi, c'est que ces combats qui font rage au Soudan utilisent également l'accès et le non-accès, ici en l'occurrence, de l'aide humanitaire comme une arme de guerre."

All Fënneften am Sudan leit ënner enger Hongersnout

Humanitär Organisatioune kënnen am Land kaum schaffen, esou nach den Thomas Kauffmann. Dobäi weisen d'Zuelen, wéi desastréis déi humanitär Situatioun am ostafrikanesche Land ass.

"Sur une population de 50 millions de personnes, vous avez pratiquement 15 millions de réfugiés, dont 11 millions réfugiés à l'intérieur même du pays. 30 millions de personnes qui souffrent de faim, dont 10 millions qui sont en réelle situation de famine."

Care Lëtzebuerg probéiert trotz de schwieregen Ëmstänn esou gutt et geet am Sudan ze hëllefen. Zu Khartum huet d’ONG ee Projet zesumme mat Care Sudan, fir den Accès zu Drénkwaasser ze erméiglechen, a fir duerch Sensibiliséierung an Opklärung d’Fraen a Meedercher viru Gewalt ze schützen. 

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Thomas Kauffmann vun der ONG Care Lëtzebuerg