Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Alfie Templeman - Happiness In Liquid Form

play_arrow Live
search

/ De Gesondheetsministère warnt virun eventuellen Dysfonctionnementer bei Insulinpompelen

Méiglech seriö Konsequenzen

De Gesondheetsministère warnt virun eventuellen Dysfonctionnementer bei Insulinpompelen

Betraff si Modeller vun der Mark "Medtronic MiniMed". Wéi d‘Santé an engem Communiqué mellt, géif et e Risiko ginn, datt d‘Batterië bei verschiddene vun deene Pompele fréizäiteg ofhuelen, an doduerch d'Apparater ophale kéinten, ze funktionéieren.

auto_stories

1 min

Foto: Medtronic MiniMed

Dat kéint seriö gesondheetlech Konsequenze fir d'Patienten hunn. 861 där Produite wieren zu Lëtzebuerg am Ëmlaf. D'Firma wéilt d'Utilisateuren nach am Detail informéieren. Weider Informatioune fënnt een op sante.lu