Een Drëttel vun de Salariéë bei der Washington Post goufe schonn entlooss.
Haaptaktionnär vun der Zeitung ass de Milliardär Jeff Bezos, deen dem US-President Donald Trump ganz no steet. Den Amazon-Grënner Bezos war schonn 2024 wärend de Walen an den USA a Kritik geroden. Hien hat net zougelooss, datt d'Washington Post hir Walempfeelung fir d'Kamala Harris géif publizéieren. An den USA ass et üblech, datt Zeitungen eng Walempfeelung ausschwätzen.