Et gouf jo schonn e puer Wochen doriwwer spekuléiert, datt d’Elisabeth Borne géing demissionéieren oder géing ersat ginn. Dat nodeems den Drock op d’Regierung ëmmer méi grouss gouf no den interne Konflikter bei der Immigratiounsreform am Dezember.
Natierlech koum och direkt d’Fro op, wien dann als néie Premier a Fro kënnt, an do war ee séier beim Gabriel Attal, dee bis elo ee kometenhaften politeschen Opstig hat. Sondagen no ass hien de momentan beléiftste Politiker am Land. Leschte Summer gouf hien Educatiounsminister an huet hei direkt grouss Reformen ugestouss. Virdru war hien als Minister fir d’Comptes publics zoustänneg a war Regierungsspriecher. An dat alles mat grad mol 34 Joer. Dat erënnert natierlech un d’Karriär vum President selwer an den Emmanuel Macron huet dann och ëmmer nees d’Aarbecht vum Attal ervirgehuewen.
Gëschter Owend koum d’Demissioun, de Moien d’Nominatioun
Wéi franceinfo mellt, wier aus dem Ëmfeld vum President ze héiere gewiescht, datt een net direkt hätt kéinten een Nofollger presentéieren, well et kee gouf. Et wéilt een eventuell net den Androck vermëttelen, datt de Récktrëtt vun der Elisabeth Borne scho méi laang feststoung an ee schonn alles fir d’Nofolleg preparéiert hat.
Mee wéi och an der Demissioun vun der Borne ze liesen ass, hat de President si iwwer säi Wonsch informéiert, een néie Premier ze wielen. Do läit de Gedanken no, datt de Choix Gabriel Attal scho méi laang feststeet. Villäicht wollt een och einfach e kléngen Decalage, fir datt d’Elisabeth Borne gewürdegt ka ginn, éier de Fokus dann um Nofollger läit, mengt eise Frankräich-Korrespondent Max Tholl.
Wisou kënnt dëse Wiessel un der Regierungsspëtzt da grad elo?
2023 war en turbulent Joer fir d’Regierung, notamment wéinst den ëmstriddenen Pensiouns- an Immigratiounsreformen. Et kéint eng Zort Schlussstréch fir de Macron sinn an ee Moment bidden, fir néi Impulser ze setzen.
Dëst Joer kënnt ee grousse Gesetzesprojet fir d’aktiv Stierfhëllef, am Juni d’Europawal, kuerz dono d’Olympesch Spiller zu Paräis. Et ass deemno e wichtegt Joer an hei setzt de Macron elo op d’Dynamik an d’Beléiftheet vum Gabriel Attal.