Radioen

On air

Notturno  |  Alexander Sowinski - Poiera Cosmica - Badbadnotgood, Tim Bernardes

play_arrow Live
search

/ De fréiere Buergermeeschter vu Metz Jean-Marie Rausch ass gestuerwen

Grenzregioun

De fréiere Buergermeeschter vu Metz Jean-Marie Rausch ass gestuerwen

De fréiere Buergermeeschter vu Metz Jean-Marie Rausch ass haut gestuerwen. Dat sechs Wochen nodeems seng Fra gestuerwen ass. De fréier Minister ënnert dem François Mitterand krut 94 Joer.

auto_stories

1 min

Wärend 37 Joer war hie Buergermeeschter vu Metz. Hie war och Senateur vum Département de la Moselle a President vum Conseil regional vun der Lorraine.

Dem Jean-Marie Rausch géife mir dat Metz vun haut verdanken, heescht et am Communiqué vum aktuelle Buergermeeschter. Opgezielt ginn ënnert anerem den Open-Air Musée, Ville-Jardin oder nach den Insitut Européen d‘Ecologie.