Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘Pist um Findel ass erëm op a voll operationell

Luxairport mellt

D‘Pist um Findel ass erëm op a voll operationell

De Fluchverkéier um Findel leeft nees gréisstendeels normal. Dat confirméiert den Direkter vu Luxairport. D’Start- a Landepist ass nees zanter hallwer 3 komplett op. Géint 9 Auer de Moie war se gespaart ginn. Dat well bei enger Routinekontroll ee Schued un der Pist festgestallt gouf.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Aacht Volle goufe komplett annuléiert. 15 si mat Verspéidung gestart. Ronn 2.100 Passagéier ware betraff. D’Ursaach vum Schued, bleift nach ze klären.

Ursaache vum Schued sinn onkloer

Eréischt Enn 2022 gouf d’Start- a Landepist um Findel komplett nei gemaach. Wéi, no knapp zwee Joer, ee Schued konnt entstoen, ass och fir den Direkter vu Luxairport, Alexander Flassac, nach onkloer.

„Also es gab keine übermäßig harte Landung oder irgendein anderes Ereignis, das diesen Schaden hervorgerufen hat. Wir haben rund um die Schadstelle und an der Schadstelle Kernbohrungen vorgenommen, um zu analysieren, was denn wirklich die Ursache ist, ob es ein technisches Problem an der Stelle gibt. Wir werden das alles analysieren.“

Dat 20 Zentimeter grousst Lach wier iwwerdeems op enger extrem ongënschteger Plaz entstanen, seet den Alexander Flassac.

„Wirklich entlang oder sehr nah an der Centre Line der Start- und Landebahn die besonders stark belastet ist an der Stelle.“

Et gouf decidéiert, datt dat reparéiert muss ginn. Den Asphalt gouf mëttlerweil op där Plaz ausgebaut, verséchert de Luxairport Direkter.

Verschidde Passagéier krute keng Hëllef beim ëmbuchen

Panik oder Chaos konnten evitéiert ginn, dat och well em d’Mëttesstonn manner Volle geplangt wieren um Findel. Verschidde Passagéier hunn awer misse laang Waardezäiten a Kaf huelen oder hire Vol ëmbuchen. Esou zum Beispill eng jonk Fra déi geplangt hat mat enger Bëllegairline op Barcelona ze fléien.

Si wier 20 Minutte virum Start vun der Airline gewuer ginn, datt hire Vol annuléiert wär.

Luxairport net fir Entschiedegunge responsabel

Änlech ass et engem Passagéier ergaangen deen iwwer London Richtung Vancouver sollt fléien. Um Findel selwer krut hie keng konkret Hëllef beim Ëmbuchen.

„Es gibt keine Vertretung der British Airways außerhalb des Check-ins. Das Problem ist, dass die sagen, wir können nur die Bordkarten herausgeben, und die Bordkarten würden dann gewechselt in London.“

Bei Problemer beim Ëmbuche wier Luxairport net responsabel, präziséiert den Direkter, Alexander Flassac. Och Entschiedegunge missten direkt bei der Airline ugefrot ginn an net beim Bedreiwer vum Fluchhafen.