Am Abrëll hu sech och bal 2.500 Residenten nei bei der ADEM ageschriwwen. Och déi Zuel ass an engem Joer ëm 3,6 Prozent an d'Luucht gaangen.
Besonnesch markant ass déi Hausse bei héichqualifizéierte Leit a bei Leit am Alter tëschent 30 a 44 Joer.
Bei den Net-Residenten, déi bei der ADEM ugemellt sinn, geet d'Tendenz weider no uewen. Enn Abrëll ware ronn 4.300 Net-Residenten zu Lëtzebuerg ageschriwwen. Dat ass eng Hausse vun 22 Prozent bannent engem Joer.