arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tour de Luxembourg: Vun nächstem Joer un soll et och eng Fraecourse ginn

Andy Schleck annoncéiert

|
headphones

2 min

Tour de Luxembourg: Vun nächstem Joer un soll et och eng Fraecourse ginn

Beim Tour de Luxembourg am Cyclissem soll et vum nächste Joer un och eng Fraecourse ginn. Dat sot den Tour-President am 100,7-Interview: D’Préparatioune fir eng Fraecourse op d’Been ze stelle géifen direkt no der Editioun vun dësem Joer ufänken, esou den Andy Schleck.

headphones

2 min

©  Skoda Tour de Luxembourg
(Foto: Skoda Tour de Luxembourg)

Säin Zil wier et, datt d’nächst Joer da fir déi éischte Kéier och Cyclistinne beim Tour de Luxembourg géifen un den Depart goen.

“Ech halen dat honnert Prozent fir machbar. Mir maachen eis Gedanke, wéi kënne mir et realiséieren, an ech géif et net op engem aneren Datum maachen. Ech géif et parallel  mat der Männercourse maachen: Also villäicht kommen d'Fraen um dräi Auer un an d'Männer um fënnef, oder d'Männer hunn dräi an d'Fraen um fënnef, esou eppes ass méiglech an doru wäerte mir direkt nom Tour ufänken ze schaffen.”

Dëst Joer sinn iwwerdeems nach keng Frae beim Tour de Luxembourg dobäi. E Mëttwoch fänkt d’Course vu 5 Deeg an der Stad un.

De Bob Jungels ass dëst Joer net dobäi

An de Bob Jungels ass dëst Joer net mat dobäi. Dem Bob Jungels seng Ekipp INEOS Grenadiers, hätt säi Planning viru Kuerzem geännert, esou datt de Lëtzebuerger Profi elo awer net bei der Editioun vun dësem Joer dobäi wier, esou den Andy Schleck bei der Presentatioun vum Tour de Luxembourg vun dësem Joer.

Och d’Participatioun vum Alex Kirsch wier nach net sécher. 9 aner Lëtzebuerger Coureure wieren awer ouni Zweifel beim Tour vun dësem Joer dobäi, dorënner de Michel Ries an den Arthur Kluckers.