De Regierungsrot hat schonn den 10. Juli decidéiert, datt de Benoît Elvinger neie Spuerkeess-Generaldirekter gëtt. Hie kënnt vun der Banque de Luxembourg an hien ass zënter 1998 am Finanzsecteur aktiv.
Hie géif eng Bank iwwerhuelen, déi gesond, performant an zukunftsorientéiert wier. Dat sot de Benoît Elvinger haut virun der Press um Siège vun der Spuerkeess an der Stad.
Vertraue wier dat wichtegst Kapital
Vertraue wier der Bank hiert wichtegst Kapital. Et géif Joren dauere fir dat opzebauen an et wier am Nu verluer, esou de Benoît Elvinger. Fir dës Missioun op Dauer auszeüben, misst d'Bank "zolidd" sinn
"Zolidd sinn, dat bedeit fir mech zwou Saachen: Op där enger Säit heescht et, weiderhi gutt Resultater schreiwen, eng zolidd Bilanz hunn, gutt Ratio'en an en héije Rating affichéieren. Dat schaaft Vertraue bei de Clienten, mee och bei den institutionellen Investisseuren, déi ëmmer méi an d'Spuerkeess-Wäertpabeiere placéieren."
Caritas-Affär
D’Spuerkeess war wéinst der Caritas-Bedruchsaffär an d’Kritik geroden. Am Mee 2025 hat d’Iwwerwaachungskommissioun CSSF eng Strof vu ronn fënnef Milliounen Euro fir d’Bank decidéiert. D’Françoise Thoma hat de leschten November hir Demissioun als Generaldirectrice ugekënnegt.
Aus der Affär Caritas wiere Léiere gezu ginn, esou de President vum Verwaltungsrot Camille Fohl, op Nofro hinn.
"Mir hu ganz staark Léieren doraus gezunn, wat kann e besser maachen, datt mer Léiere gezunn hunn, vun deem Constat deen d’CSSF gemaach huet, déi hu mer gezunn. Doranner investéiere mer"
D’Spuerkeess géif hire Prozesser elo reegelméisseg och vu bausse bewäerte loossen. Dat huet de Camille Fohl preziséiert. Hien huet zouginn, datt Vertrauen a seng Bank verluer gaange wier.
E bessere Risk-Management a Service-Client
An Zukunft wéilt d’Spuerkeess och d’Qualitéit vum Clientsservice weider verbesseren, d’Risike besser geréieren an d’Resilienz weider stäerken. Dat an engem Kontext vun zum Beispill méi Konkurrenz duerch Neobanken.
Dem Benoît Elvinger seng Ambitioun fir d'Zukunft wier - wéi hien selwer sot - relativ kloer: D’Spuerkeess soll weiderhin déi Bank sinn, där d’Leit an d’Betriber hei am Land am meeschte vertrauen.
"Eng innovativ a performant Universalbank an e staarke Partner fir déi lëtzebuergesch Ekonomie."
D'Françoise Thoma gëtt Beroderin
D’Françoise Thoma hat hir Demissioun de leschten November ugekënnegt. Den 11. November d'lescht Joer war heifir ganz kuerzfristeg eng Pressekonferenz aberuff ginn. D'Bank hat d'Demissioun deemols net direkt op d'Caritas-Affär zeréckgefouert.
D'Decisioun wier am Kader vun engem méi breede Strategie-Prozess bis 2030 getraff ginn, esou de Camille Fohl d'lescht Joer.
D’Françoise Thoma gëtt Beroderin bei der Spuerkeess. Dat gouf haut virun der Press confirméiert.
Weider Changementer kënnege sech un
Nieft dem Wiessel vum Generaldirekter a President vum Direktiounscomité, wäerten et un der Spëtzt vun der Spuerkeess weider Changementer ginn. Am Direktiounscomité mat fënnef Memberen, wäerten 2026 an 2027 dräi Persounen an d’Pensioun goen, den Aly Kohll, de Romain Wehles an d’Doris Engel.