Radioen

On air

Thé Dansant  |  Kraftwerk - Metropolis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Khan Junis: Dausende Palästinenser op en Neits op der Flucht

Noen Osten

Khan Junis: Dausende Palästinenser op en Neits op der Flucht

Wéinst den intensive Kämpf ronderëm d‘Stad Khan Junis, am Süde vun der Gazasträif, sinn op en Neits Dausende Palästinenser op der Flucht. Si wieren entweder zu Fouss oder mam Auto a Richtung Rafah un der Grenz mat Ägypten ënnerwee, dat melt den UNO-Nouthëllef-Büro. 

auto_stories

1 min

An der Regioun Khan Junis liewe ronn 88.000 Mënschen, dobäi komme geschate 425.000 Banneflüchtlingen, déi aus dem Norde vun der Gazasträif an de Süde geflücht waren an do a Schoulen, Klinicken an anere Gebaier Schutz gesicht hunn.

Déi israeelesch Arméi huet de Moie matgedeelt, datt se hir Offensiv zu Khan Junis wéilt weider intensivéieren. Déi Stad gëllt als Héichbuerg vun der palästinensescher Hamas.

De palästinensesche Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, huet rëm en neie Bilan publizéiert. Bis elo wiere 25.700 Palästinenser bei den israeelesche Bombardementer an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm. 210 eleng an de leschte 24 Stonnen.