Dausende Mënschen hunn an Däitschland géint Rietsextreemismus protestéiert
Uechter Däitschland hu gëschter Dausende Mënsche géint Rietsextreemismus demonstréiert. D'Initiativ "Prüf" fuerdert, datt e Verbuetsverfare géint Parteien, déi vum Verfassungsschutz als rietsextreem agestuuft ginn, gepréift gëtt.
Dat ass notamment eng Reaktioun op d‘Walen a Sachsen-Anhalt d‘lescht Woch, wou d‘AfD ronn 44 Prozent vun de Stëmme krut.
Déi gréisst Demonstratioun gouf et zu Berlin. Den Organisateuren no waren do ronn 30.000 Leit dobäi. D'Police schwätzt vun 18.000. Och zu Düsseldorf, Hamburg, München an anere Stied gouf demonstréiert.