Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dausende Leit op der Strooss zu Santiago de Chile

Chile

Dausende Leit op der Strooss zu Santiago de Chile

An der chileenescher Haaptstad Santiago de Chile sinn Dausende Leit op d‘Strooss gaange fir den Affer vun der fréierer Diktatur ënnert dem Generol Augusto Pinochet ze gedenken.

auto_stories

1 min

Bei de Manifestatiounen, am Kader vum 50. Joresdag vum Ufank vun der Diktatur, gouf et Ausernanersetzungen tëscht Demonstranten an der Police. Ënnert dem Pinochet goufen offiziell 3.000 Mënschen dout gemaach a 27.000 Leit koumen an de Prisong. D‘Zuel vun Affer war warscheinlech awer vill méi héich. Vill Verbriechen aus där Zäit si bis haut net opgekläert.