Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Datum fir dem Nawalny säi Begriefnis steet fest

Russland

Datum fir dem Nawalny säi Begriefnis steet fest

De verstuerwene Kremlkritiker Alexei Nawalny soll e Freideg zu Moskau begruewe ginn. Dat huet säin Team haut op de soziale Reseauen annoncéiert.

auto_stories

1 min

Alexei Nawalny | © picture alliance/dpa | Christoph Schmidt
Foto: picture alliance/dpa | Christoph Schmidt

D‘Trauerfeier soll den 1. Mäerz an enger Kierch am südëstleche Bezierk Marino sinn. Duerno soll den Alexei Nawalny um Kierfecht Borisovsky begruewe ginn. Dem Nawalny seng Equipe hat deeglaang no enger Plaz fir d‘Trauerfeier gesicht. Si huet de russeschen Autoritéite virgehäit, hinne Steng an de Wee ze leeën.

De 47 Joer ale Kremlkritiker war de 16. Februar am Prisong a Sibirie gestuerwen. D‘Famill hat de Läichnam réischt eng Woch méi spéit iwwerlooss kritt. Dat nodeems dem Nawalny seng Mamm a säin Affekot a Sibirie gereest waren, fir d‘Läich ze kréien. Si hat duerno gesot, datt si vun Enquêteuren ënner Drock gesat an erpresst gi wier, fir hire Jong heemlech ze begruewen. Dat huet si awer net gemaach.

Kuerz virun de Presidentewalen a Russland, de 17. Mäerz, sinn dem Kreml gréisser kritesch Evenementer en Dar am An.