Radioen

On air

9 bis 1  |  Brittany Howard - What Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dank Waffepaus: Vill Hëllefsgidder sinn am Gaza ukomm

Aktuelles aus dem Noen Osten

Dank Waffepaus: Vill Hëllefsgidder sinn am Gaza ukomm

An der Gazasträif konnten Hëllefsorganisatioune wärend der Waffepaus och Tonnen Hëllefsgidder an de Norde vum palestinenseschen Territoire bréngen. Dorënner Iessen, Drénkwaasser, Zelter, Decken a Medikamenter, esou den Nouthëllefsbüro vun der UNO.

auto_stories

1 min

© picture alliance
(Foto: picture alliance)

Wéinst den intensive Bombardementer vun Israel an de Kämpf tëscht israeeleschen Truppen an Hamas Memberen haten Hëllefsorganisatiounen zanter Woche keen Accès an de Norde vun der Gazasträif. Trotz den Appeller vun Israel un d‘Populatioun do, an de Süden ze flüchten, si Schätzungen no nach ëmmer Honnertdausende Leit am Norden.

Et wier och Sprit dohinner geliwwert ginn, esou d’UNO, an d‘Schifa-Spidol an der Stad Gaza hätt elo hir Statioun fir Dialys-Patienten nees kënnen opmaachen.

D‘Waffepaus tëscht Israel an der Hamas war gëschter ënner der Vermëttlung vum Katar ëm zwee Deeg verlängert ginn. D‘Hamas gëschter Owend eelef weider Geisele fräi gelooss, dorënner néng Kanner. Israel huet als Echange weider 33 palestinensesch Prisonéier fräigelooss, dorënner 30 Kanner.